1, Ellergronn
L-4114 Esch-sur-Alzette

}

Më-Sa: 11h-23h
Sonndes: 11h-19h

Brasserie-Schmëdd-Restaurant-Ellergonn-Esch-sur-Alzette-019-squarred
Brasserie-Schmëdd-Restaurant-Ellergonn-Esch-sur-Alzette-021-squarred

Wëllkomm

an Ärer Brasserie Schmëdd am Ellergronn

D’Brasserie Schmëdd ass Är lokal Brasserie am Bësch mat engem flotten Kader matten an der Natur vum Ellergronn.

Mat lokale Produkter bidde mir Äerch bannen ewéi baussen eng flott Plaz mat natirlechem Flair an enger besonnescher Atmosphär.

Mär bidden eng kleng Iess-Koart mat engem Wochenmenu an gudden Suggestiounen fir z’iesse. Ob eiser Gedrenkskoart fannt där passend fir eng Brasserie lokalen Béier an och vill lëtzebuerger Wäiner vun der Musel.

Ob Familljen, Mountainbiker, Wanderer, bei eis kennt jiddereen op seng Käschten.

Mat senger traditionell lëtzebuerger Kichen an dem industriellen an naturellen Patrimoine vum Site Ellergronn ass d’Schmëdd emmer en Ausfluch wert.

Kichen

Saisonal an traditionell

An der Brasserie Schmëdd erwaart Iech eng saisonal an traditional lëtzebuerger Kichen mat regionale Produiten.

Dir fannt bei eis och eng kleng Kichen fir den Honger “tëschenduerch” mat eegenem Croque-Monsieur , Taarten, Kuch, Glacen etc.

Eis Kichen ass Mëttes an Owes op.

Menu de la semaine

An der Brasserie Schmëdd bidde mir Iech all Woch e spezielle Menü deen Dir Iech ënnert folgendem Link ukucken kënnt.

Reservatioun

Besicht eis an der Schmëdd.

 

Mir wäerten eis schnellstméiglech bei Iech per Email mellen. Wann dëst net de Fall ass, schreiwt eis eng Email op moien@schmedd.lu oder ruft eis un um +352 26 54 01 75. Bis dohin ass Är Reservatioun net confirméiert.  Mir bieden Iech och w.e.g Ären Junk/Spam ze kontrolléieren.

Terrasse

Matten an der Natur.

Ob der flotter Terrasse vun der Brasserie Schmëdd tëscht deenen 2 Industriehaalen a matten an der Natur léisst sech gudd sëtzen. Genéisst Är Fräizäit an entspaant mat engem gudde Patt an engem leckeren Iessen.

Direkt niewt der Terrasse ass nieft engem Petanque-Terrain och eng kleng Spillplaz fir Kanner.

Ellergronn

E Stéck lëtzebuerger Kultur

Dir fannt d’Brasserie Schmëdd um Site vum Ellergronn, deen eng laang a spannend Geschicht huet. Iwwer Joerzéngte war dëst Areal am Süde vun Esch/Uelzecht exklusiv fir den Ofbau vum Eisenerz benotzt ginn an huet esou dozou bäigedro, dass d’Lëtzebuerger Land sech esou gutt entwéckle konnt. Nodeems d’Minière hiren Déngscht geleescht hunn an zougemaach gouffen, ass dës Plaz a seng Landschaft dramatesch verännert an als Naturschutzgebiet deklaréiert ginn.

Haut ass den Ellergronn mat séngem Räichtum u Flora a Faune den perfekten Erhuelungstreffpunkt fir d’ganz Famill.

Méi Informatiounen iwwert den Ellergronn fannt dir hei

Kontakt

Get in touch

1, Ellergronn
L-4114 Esch-sur-Alzette

}

Më-Sa: 11h-23h
Sonndes: 11h-19h

Follow us