1, Ellergronn
L-4114 Esch-sur-Alzette

}

Më-Sa: 11h-23h
Sonndes: 11h-19h

Wëllkomm

an Ärer Brasserie Schmëdd am Ellergronn

D’Schmëdd ass Är lokal Brasserie am Bësch mat engem flotten Kader matten an der Natur vum Ellergronn.

Mat lokale Produkter bidde mir Äerch bannen ewéi baussen eng flott Plaz mat natirlechem Flair an enger besonnescher Atmosphär.

Mär bidden eng kleng Iess-Koart mat engem Wochenmenu an gudden Suggestiounen fir z’iesse. Ob eiser Gedrenkskoart fannt där passend fir eng Brasserie lokalen Béier an och vill lëtzebuerger Wäiner vun der Musel.

Ob Familljen, Mountainbiker, Wanderer, bei eis kennt jiddereen op seng Käschten.

Mat senger traditionell lëtzebuerger Kichen an dem industriellen an naturellen Patrimoine vum Site Ellergronn ass d’Schmëdd emmer en Ausfluch wert.

Kichen

Saisonal an traditionell

An der Brasserie Schmëdd erwaart Iech eng saisonal an traditional lëtzebuerger Kichen mat regionale Produiten.

Dir fannt bei eis och eng kleng Kichen fir den Honger “tëschenduerch” mat eegenem Croque-Monsieur , Taarten, Kuch, Glacen etc.

Eis Kichen ass Mëttes an Owes op.

Reservatioun

Besicht eis an der Schmëdd.

 

Mir wäerten eis schnellstméiglech bei Iech per Email mellen. Bis dohin ass Är Reservatioun net confirméiert.  Mir bieden Iech och w.e.g Ären Junk/Spam ze kontrolléieren.

Terrasse

Matten an der Natur.

Ob eiser flotter Terrasse tescht deenen 2 Industriehaalen matten an der Natur léisst sech gudd sëtzen. Direkt niewt der Terrasse ass och eng kleng Spillplaz fir Kanner an en Petanque-Terrain fir ze spillen.

Ellergronn

E Stéck lëtzebuerger Kultur

Den Ellergronn huet eng laang a spannend Geschicht. Iwwer Joerzéngte war dëst Areal am Süde vun Esch/Uelzecht exklusiv fir den Ofbau vum Eisenerz benotzt ginn an huet esou dozou bäigedro, dass d’Lëtzebuerger Land sech esou gutt entwéckle konnt. Nodeems d’Minière hiren Déngscht geleescht hunn an zougemaach gouffen, ass dës Plaz a seng Landschaft dramatesch verännert an als Naturschutzgebiet deklaréiert ginn.

Haut ass den Ellergronn mat séngem Räichtum u Flora a Faune den perfekten Erhuelungstreffpunkt fir d’ganz Famill.

Kontakt

Get in touch

1, Ellergronn
L-4114 Esch-sur-Alzette

}

Më-Sa: 11h-23h
Sonndes: 11h-19h

Follow us